
Onbekannt Täter haten d'Dier vun engem Haus um Kierchbierg opgebrach. D'Police ermëttelt.
Weider Abréch gouf et zu Bouneweg an zu Kiemen.
Donieft krut d'Police e Freideg géint 12.10 Auer eng Automobilistin an der Rue de la Tour zu Dikrech gemellt, déi duerch hire Fuerstil opgefall war. Bei enger Kontroll vun der Fra war den Alkoholtest positiv, de Führerschäi war op der Plaz fort.