Police ermëtteltAbréch zu Éinen an Hesper

RTL Lëtzebuerg
Wéi et vun der Police heescht, gouf e Sonndegmoien zu Éinen an zu Hesper an Haiser agebrach.

Géint 8 Auer moies krut d’Police en Abroch an en onbewunnt Haus zu Éinen an der Route du vin gemellt. D’Täter hate sech hei Zougank iwwer d’Terrass verschaf an dat komplett Haus duerchwullt.

De selwechte Moie géint 5.30 Auer koum et zu Hesper zu engem Abroch an der Ceinture um Schlass, beim dem d’Täter duerch eng Kellerfënster an d’Haus koumen. Si konnten eng Rei Géigestänn matgoe loossen, ier se onbemierkt geflücht sinn.

D’Spueresécherung war op der Plaz an d’Police huet Ermëttlungen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO