PolicebulletinAbréch zu Éiter, Beetebuerg an um Sennengerbierg

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg goufen der Police eng Rei Abréch gemellt.
© RTL

Am éischte Fall hunn zwee Onbekannter sech e Samschdeg géint 20 Auer iwwert e Säitefënster Zougang zu engem Appartementshaus an der Rue du Chemin zu Éiter verschafft. Vun do aus si si an eng Wunneng am Rez-de-chaussée komm. Éischten Erkenntnisser no goufe keng Wäertsaache geklaut.

An der Rue du Golf um Sennengerbierg gouf an der Nuecht op e Samschdeg an zwee privat Kellerräim vun engem Appartement agebrach. Aus engem vun de Raim gouf eng Wallis gestuel.

An engem drëtte Fall hunn een oder méi onbekannt Täter sech Accès zu engem Haus an der Rue de l'Indépendance zu Beetebuerg verschafft. Éischten Erkenntnisser no hu si fir d'éischt probéiert eng Gaardendier opzebriechen. Wéi dat net gelongen ass, hu si d'Kellerfënster mat engem Steen ageschloen. Duerno goufen d'Raim duerchsicht a Bijoue geklaut.

An allen dräi Fäll goufe weider Ermëttlungen ageleet an déi néideg Protokoller erstallt.

An dësem Kontext erënnert d'Police drun, beim Verloosse vum Haus, Fënsteren an Diere konsequent zouzemaachen a gutt ze sécheren, souwéi Keller, Garagen an aner Entréeën net ze vergiessen.

Wann Dir eppes Verdächteges gesitt, rufft direkt den 113 un. Weider präventiv Rotschléi fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO