PoliceAbréch zu Izeg, Stroossen a Weimeschkierch

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf et um Donneschdeg den Owend eng Partie Abréch. An alle Fäll konnten d'Abriecher sech dovu maachen.

Zu Izeg an der rue de la Corniche huet eng Hausbewunnerin géint 18.15 Auer 3 onbekannte Persounen an hirem Haus iwwerrascht, déi grad Bijouen a Borgeld geklaut haten. Si konnte sech dovu maachen.

Zu Stroossen an der rue de Reckenthal huet um Donneschdeg am Nomëtteg eng Persoun an en Eefamilljenhaus agebrach a Bores a Bijoue geklaut.

An der Stad dann goufen dann zu Weimeschkierch 2 Abriecher bei engem Abroch géint 23.45 Auer gestéiert. Si hu sech Richtung Kierchbierg duerch d'Bascht gemaach.

D'Police erënnert nach emol drun, dass ee sech op hirem Site kann informéieren, wéi ee sech besser géint Abréch schütze kann, a wéi ee sech verhale soll. D'Police huet och eng eegen Unitéit, déi d'Wunnengsbesëtzer beréit, wann et drëm geet eng Wunneng Abrochsécher ze maachen. Service national de prévention de la criminalité (SNPC)

Back to Top
CIM LOGO