
An der Nuecht op e Sonndeg, géint 3.30 Auer krut eng Persoun an der Stad, op der Kräizung vun der Rue de la Boucherie mat der Rue de la Monnaie, hir Kette vum Hals gerappt. Den Täter ass mat dëser geflücht. E weideren Déifstall vun enger Ketten, wéi och vun engem Bracelet gouf et e Sonndeg am Nomëtten an der Rue André Duchscher am Garer Quartier. D'Affer gouf vun zwee Täter op de Buedem gestouss a krut och hei hir Bijouen ofgeholl.
Da gouf et nach Abréch zu Maarnech a Beggen: Zu Maarnech konnten e Sonndeg am Nomëtte zwee bis ewell onbekannt Täter an en Haus abriechen a Bijoue matgoe loossen. Kuerz duerno gouf dann en Abroch an en Appartement zu Beggen an der Rue Halanzy gemellt. Och hei goufe Raim duerchwullt a Bijouen a Boergeld matgoe gelooss.
Da mellt d'Police nach e Virfall vun e Freidegowend: Géint 22.30 Auer gouf et an der Uewerstad an der Rue Philippe II eng Kläpperei tëschent e puer Leit gemellt. Hei war et virdrun zu engem Sträit tëschent zwee Männer komm, ier d'Situatioun eskaléiert war a méi Persounen an d'Kläpperei involvéiert goufen. Wéi d'Police weider matdeelt, haten déi zwee Männer, déi uganks uneneegerode waren, sech och géigesäiteg mat Messere gepickt. D'Police konnt ee vun hinnen op der Plaz mat Schnëttwonnen untreffen. Hie koum als éischt an e Spidol a gouf spéider op Uerder vum Parquet festgeholl. Den aneren involvéierte Mann ass bis ewell net fonnt ginn.