PoliceAbréch zu Uespelt an um Belair

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg gouf zu Uespelt an der Schoulstrooss an um Belair an der Stad an der Rue Marechal agebrach.

En Méindeg am Nomëtteg gouf der Police géit 15.35 Auer en Abroch an een Haus gemellt. D’Täter haten dobäi eng Fënster opgebrach, fir an d’Haus ze kommen. D’Spueresécherung war op der Plaz an d’Ermëttlunge lafen.

En zweeten Abroch gëtt dann nach an der Rue Marechal um Belair gemellt. E méindegnomëtteg hunn den Täter oder d’Täter sech iwwert eng Fënster hannert dem Haus Zougang verschaaft an hunn eng Rei Wäertgéigestänn matgoe gelooss. Och hei gouf d’Spueresécherung geruff an Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO