
Wéi et am Police-Bulletin heescht, hätt den Abriecher Pefferspray agesat, wéi den Awunner hie festhuele wollt. An och weider Locatairen aus dem Appartementshaus konnten de Mann net stoppen. Eng Sich vun der Police huet iwwerdeem och näischt erginn.
De presuméierten Täter ass ronn 25 Joer al, vun heller Hautfaarf, 1.70 Meter grouss a vun dënner Statur. Hien hat eng gro Jackett, eng schwaarz Box an e schwaarze Rucksak un.
Weider Abréch uechter d’Land
Donieft goufen der Police eng Partie Abréch an Autoen am Garer Quartier gemellt. Dat ënnert anerem an der Rue Marie et Pierre Curie, an der Avenue Jean-Pierre Pescatore an an der Rue du Fort Neipperg. Zu Esch gouf an der Rue des Jardins an e Won agebrach.
Um Site vun der Police fannt Dir Rotschléi, fir sech virun Abréch an Autoen ze schützen.