Police-BulletinAbriecher in flagranti a Buttek zu Ettelbréck erwëscht

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf d'Police wéinst engem Abroch an e Buttek an der Avenue J-F. Kennedy geruff. De Brigang gouf nach op der Plaz gepëtzt.
© RTL

D’Police mellt, datt si géint 3 Auer an der Nuecht wéinst enger verdächteger Persoun geruff goufen, déi dobäi wier, sech gewaltsam Accès an e Buttek zu Ettelbréck ze verschafen. Op der Plaz ukomm, konnten d’Beamten den Déif mat diverse geklaute Géigestänn nach am Buttek untreffen.

Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl a koum en Dënschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter. E Mandat d’arrêt gouf géint de Mann ausgeschwat, wouduerch hien op Suessem an Untersuchungshaft koum.

E weideren Abriecher konnt am Kader vun enger Sich vun der Police ermëttelt ginn. Géint 17.20 Auer e Méindeg war der Police en Abroch an en Auto an der Rue d’Anvers an der Stad gemellt ginn. Den Täter hat déi zwou dräieckeg Fënsteren ageschloen, fir e Rucksak aus dem Won ze klauen. Am Kader vun der Sich gouf de Verdächtegen op der Gare ermëttelt. Op Uerder vum Parquet gouf Plainte géint de Mann lancéiert.

Donieft mellt d’Police nach weider Abréch uechter d’Land, souwuel an Haiser wéi och op Baustellen.

Vun en Dënschdeg op e Mëttwoch gouf ënnert anerem an eng Wunneng an der Rue Jean Schoetter zu Märel, a Kellere vun Appartementshaiser an der Avenue du dix Septembre um Belair an an der Rue de Girondins zu Hollerech agebrach.

Donieft goufen Abréch a Baucontainer vun de Chantieren an der Rue du Centre zu Éileng, an der Route d’Arlon zu Bartreng an der Rue Anna Lindh zu Mamer an an der Rue Hugo Gernsback um Kierchbierg gemellt.

Back to Top
CIM LOGO