NidderkuerAbriecher iwwerrascht Hausbewunner an hirer Schlofkummer

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.15 Auer an der Nuecht op e Freideg gouf an der Avenue de la Liberté zu Nidderkuer een Abroch gemellt.
© Image by Envato / Rawf8

Den Täter ass an d’Haus agebrach an huet eng Rei Schief duerchwullt. Wou hien d’Hausbewunner an hirer Schlofkummer iwwerrascht huet, huet sech den Abriecher duerch d’Bascht gemaach. Eng Sich vun der Police ass erfolleglos op en Enn gaangen. D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz an huet Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

An der Nuecht op e Freideg sinn dann och nach eng Rei Automobiliste gepëtzt ginn, déi ze déif an d’Glas gekuckt haten.

Chauffer mat 40 Stonnekilometer op der Autobunn ënnerwee

Op der A13 war een Automobilist mat 40 Stonnekilometer ënnerwee an huet dem Policebulletin no eng “onsécher Fuerweis” un den Dag geluecht. D’Police huet de Chauffer doropshi vun der Autobunn erof eskortéiert. Bei der Kontroll missten d’Beamten du feststellen, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. Hie krut de Fürerschäin ofgeholl.

Vun der A1 gouf der Police ee weidere Chauffer gemellt, deen do mat sengem Auto Schlaangelinne gefuer ass. Op der Cloche d’Or gouf hien ugehalen. Och hei ass en Alkoholtest esou ausgaangen, datt de Chauffer säi Fürerschäi misst ofginn.

Op der Route d’Esch zu Hollerech ass ëm kuerz no 3 Auer een Automobilist opgefall, deen däitlech ze séier ënnerwee war. An der Hollerecher Strooss gouf den Auto du gestoppt. Den Alkoholtest war och hei positiv an et gouf ee Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO