
En Dënschdeg am Nomëtteg gouf an en Eefamilljenhaus a der Rue Neuve zu Monnerech agebrach. D’Brigange sinn éischten Informatiounen no via eng Fënster an d’Gebai komm. Si hätten do alles duerchwullt, heescht et am Schreiwes vun der Police. Ob eppes geklaut gouf, gëtt net ernimmt.
Am Viséier vun Abriecher stoung dann och en Haus an der Rue Dicks zu Beetebuerg. De Wee an d’Haus goung hei wéi et ausgesäit duerch d’Garage. Allerdéngs war nach een am Haus an den Täter gouf gestéiert, wouropshin e geflücht ass. Et gouf nach direkt no em gesicht, allerdéngs ouni Succès.