
Eng vun den Awunnerinnen hat sech doropshi bei der Police gemellt a gesot, dass si iwwert de Babyphone e puer Stëmmen héiere géif.
Doropshin ass eng Patrull vun der Police op d’Plaz gefuer. Hei konnten d’Beamten eng Persoun am Haus festhuelen. E weidere Verdächtege konnt an engem Bus ermëttelt ginn.
Bei enger vun de Persoune goufe bei enger Kontroll um Policebüro geklauten Objete séchergestallt. De Mann huet doropshi probéiert, ze flüchten, ma d’Beamte konnten hie stoppen.
An Tëschenzäit waren de Poliziste véier weider Persounen an engem verloossene Gebai opgefall. Eng vun hinnen hat doropshi probéiert, ze flüchten. Dës konnt awer gestoppt ginn an alle Véier goufen op de Policebüro bruecht. Och bei der Persoun, déi flüchte wollt, goufe geklaute Saache fonnt.
D’Männer, bei deenen d’geklauten Objete fonnt goufen, koumen op Uerder vun enger Untersuchungsriichterin an Untersuchungshaft.
Dann deelt d’Police nach mat, datt eng Persoun festgeholl gouf, déi am Verdacht steet, an der Nuecht vum 26. op de 27. Mee ee Mann an der Stater Rue du Fort Neipperg um Aarm an um Kapp blesséiert ze hunn. D’Affer war direkt an eng Klinik gefouert ginn. De Verdächtege gouf iwwerdeems e Samschdeg dem Untersuchungsriichter presentéiert.