
Um Weekend gouf zu Diddeleng an der Rue Compte de Bertier an d'Kabinn vum Futtballveräin agebrach, dëst wuel tëscht e Samschdeg den Owend um 21.30 Auer an e Sonndeg de Moien um 8.20 Auer. Déi bis ewell onbekannten Täter hu 27 Puer Futtballschong, esou wéi T-Shirten, Shorten a Sportsgeschir geklaut.
Wiem an der Géigend opfälleg Persounen opgefall sinn, soll sech bei der Police vun Diddeleng um 244 69 1000 mellen.
Weider schreift d'Police, datt bei enger Kontroll am Garerquartier an der Stad eng Persoun konnt verhaft ginn, déi gesicht gouf. Donieft konnte Persounen an der Rue Glesener beim Konsum vu Kokain gestéiert ginn. Si goufe protokolléiert.