PoliceAbroch am Raum Leideleng - 3 Täter op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police op Twitter matdeelt, gouf et an der Nuecht op e Freideg en Abroch op der Place des Martyrs zu Leideleng. 3 Persoune wiere geflücht.

De Poliziste ware beim patrulléieren opgefall, dass d'Dier vun engem Gebai op der Place des Martyrs opstoung. Wéi se d'Gebai kontrolléiert hunn, hu se gesinn, dass 3 Persoune geflücht sinn. Si hätte sech ze Fouss duerch d'Bascht gemaach. E soll sech ëm 3 Männer handelen, südlännesch, ronn 1m80 grouss, schmuel Statur.

Am Police-Bulletin heescht et dann, et wier eng grouss-ugeluechte Sichaktioun an d'Weeër geleet ginn, dat och mat Policehelikopter an Hondsstaffel. D'Täter konnten awer net fonnt ginn. Den Abroch war géint 1.45 Auer um Freideg.

All Informatioune si fir den 113.

Back to Top
CIM LOGO