PoliceAbroch an e Café zu Rodange

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt 15 Abréch uechtert d'Land iwwert de Weekend. Meeschtens gouf an Haiser oder Wunnengen, awer och an e Commerce agebrach.

An der Lonkecher Strooss zu Rodange gouf an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg an e Café agebrach. Iwwer den Iwwerwaachungssystem gouf de Besëtzer dorop opmierksam, datt kuerz no 2 Auer dräi männlech Gestalten déi hënnescht Dier an e Spillautomat opgebrach haten. Déi Onéierlech sinn dunn a Richtung Frankräich fortgelaf. E Rucksak an e Briecheisen, déi d’Abriecher am Café gelooss hunn, goufe saiséiert.

Zu Rëmeleng hat sech en Abriecher geschnidden, wéi en an d’Haus gaangen ass. D’Bluttspuere goufe vun de Beamte geséchert. Donieft gouf zu Déifferdeng an Diddeleng jeeweils een Abroch gemellt. Um Belair an zu Stroossen waren et direkt e puer Abréch.

Back to Top
CIM LOGO