
Tëscht e Mëttwoch 7 Auer an en Donneschdeg 20 Auer hat en Abriecher zu Déifferdeng probéiert, sech Accès an en Eefamilljenhaus ze verschafen. De Brigang war fir d’éischt iwwert eng kleng metalle Paart geklommen an huet probéiert, mat engem onbekannte Géigestand d’Kellerdier opzebriechen. Nodeems dat net geklappt huet, huet d’Persoun eng Terrassefënster opgebrach, koum awer an engem Raum um Rez-de-chaussée eraus, deen zougespaart war. No enger Rei weidere Versich an d’Haus ze kommen, huet den Täter opginn.
Zu Altwis an der Rue Emile Kohn haten Abriecher en Donneschdeg tëscht 12 a 17 Auer méi Chance. Iwwert eng Fënsterdier hannert dem Haus sinn d’Brigange an en Eefamilljenhaus erageklommen an hunn eng Partie Wäertgéigestänn a Boergeld geklaut.