PoliceAbroch an en Elektrobuttek zu Mamer
Wéi d'Police mellt, hunn Onbekannter an der Nuecht op en Dënschdeg an en Elektrobuttek zu Mamer an der Areler Strooss agebrach.
Verëffentlecht: 13.08.19 11:31, Update: 08.12.25 14:57
Géint 3.15 Auer hunn déi Onéierlech eng Fënster zerstéiert an hunn héichwäerteg Audiomaterial geklaut. Ermëttlunge goufe lancéiert an d'Spuresécherung op d'Plaz geschéckt.