
Géint 14.20 Auer huet sech e jonke Mann mat kuerze schwaarzen Hoer, däischterem Gezei a wäissen Händschen en Zougang an e Wunnhaus zu Gousseldeng an der Strooss Op der Knupp verschaaft. Hien ass geflücht, nodeems hie vun de Bewunner iwwerrascht gouf. D’Ermëttlunge goufe lancéiert.
Kuerz Zäit méi spéit, géint 16.30 Auer, war zu Mamer en aneren Onéierlechen ënnerwee. Do hat e jonke Mann sech als Mataarbechter vun enger Préiwer vun enger Elektrofirma ausginn, fir sech esou en Zoutrëtt an en Eefamilljenhaus ze verschafen. Nodeems hien d’Haus nees verlooss hat, huet d’Affer festgestallt, dass Bijoue geklaut gi waren. Och hei lafen Ermëttlungen.