
Et gouf warscheinlech eng Fënster ageschloen, fir an d’Wunneng ze kommen. Hei goufen dunn eng Partie Zëmmeren duerchwullt. Ob eppes geklaut gouf, preziséiert d’Police an hirem Bulletin um Samschdeg de Moien net. D’Spueresécherung gouf op d’Plaz geruff.
Da mellt d’Police nach zwee Tëschefäll, bei deenen Automobilisten hire Fürerschäin hu mussen ofginn. Dat war e Samschdeg géint 3 Auer zu Dikrech a géint 4 Auer zu Wëntger. A béide Fäll haten d’Chaufferen ze vill gedronk.