ZeienopruffAccident an der Côte d'Eich, zu Fouss aus dem Stëbs gemaach

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend géint 19 Auer koum et an der Côte d'Eich zu engem Accident. D'Police huet en Zeienopruff lancéiert.

Hei war nämlech en Automobilist widder e Luuchtepotto gerannt an huet sech an der Suite zu Fouss aus dem Stëbs gemaach. De Won gouf beim Accident beschiedegt a stoe gelooss. Et geet ëm e groe BMW mat belsche Placken.

An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. All Informatioune si fir d’Police ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail (police.luxembourg@police.etat.lu).

Back to Top
CIM LOGO