
Éischten Informatiounen no wiere siwen Autoen an den Accident verwéckelt gewiescht. Dräi Ambulanzen, dräi Pompjeesween an de Samu waren op der Plaz am Asaz. Dem CGDIS no goufen dräi Persoune blesséiert.
Nom Accident géint 8.30 Auer ass den Trafic zäitweis nëmmen iwwert d’Pannespuer gerullt. Géint 11.30 Auer koum vum ACL d’Meldung, datt den Accident geraumt an d’Bunnen nees fräi wieren.
Géint 9 Auer hat et och um Kierchbierg an der Allée des Charmes tëscht zwee Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf blesséiert a misst mam Rettungshelikopter an d’Spidol bruecht ginn.
De CGDIS mellt dann nach ee Brand an der route Principale zu Lëntgen e Méindeg um 15.38 Auer. Eng Cabine de pulvérisation hat hei Feier gefaangen. D’Pompjeeë vu Lëntgen, Miersch, Luerenzweiler a Steesel waren am Asaz. Beim Incident gouf keng Persoun blesséiert.