
Wéi d'Police mellt, krute si en Donneschdeg um 22.45 Auer en Accident mat Blesséierten am Rondpoint Raemerech gemellt. Eng Automobilistin war mat voller Vitess engem aneren Auto hannendra gerannt. An deem Won goufen 3 Leit verwonnt a koume mat der Ambulanz an d'Spidol.
Wéi sech erausgestallt huet, hat d'Automobilistin am éischten Auto ze vill gedronk. Et gouf protokolléiert, de Permis gouf net agezunn, well de Wäert ënner 1,2% louch. Den alkoholiséierte Bäifuerer huet wärend dem Asaz ugefaangen d'Beamten ze beleidegen. Géint de Mann gouf eng Plainte wéinst Beamtebeleidegung gemaach.
E Chauffer krut géint 20.30 Auer an der Rue de Commerce en Auto ze paken, deen hannerzeg aus enger Afaart wollt op d'Strooss fueren. De Chauffer ass geflücht ouni sech ëm den entstane Schued ze këmmeren.
Nodeems d'Police op der Plaz war, hunn d'Beamte festgestallt, datt den Automobilist, deen aus der Afaart gefuer war, Alkohol consomméiert hat. Hie kruten e Protokoll an de Permis ofgeholl. D'Ermëttlunge géint de flüchtege Chauffer lafen.
E Freideg de Moien um 5.36 Auer koum et zu Nidderkuer an der Rue Pierre Gansen zu engem Accident. 3 Autoe waren involvéiert, eng Persoun gouf verwonnt.