A13 Richtung SchengenAccident mat e puer Autoen an engem Camion - 3 Persoune goufe verwonnt

Andy Brücker
En Dënschdeg de Moie koum et zu engem méi uergen Accident op der A13.
Ee Camion an e puer Autoe waren an den Accident verwéckelt.
Ee Camion an e puer Autoe waren an den Accident verwéckelt.
© Domingos Oliveira

En Dënschdeg de Moie koum et op der A13 Richtung Schengen virun der Jonctioun Lankelz zu engem méi uergen Accident. Am Trafic-Info vum ACL war ze liesen, dass fënnef Autoen an ee Camion an den Accident verwéckelt waren. Vun der Police krute mer dräi Autoen an ee Camion confirméiert, iwwerdeems am Bulletin vum CGDIS just nach vun zwee Autoen an engem Camion rieds ass.

© Domingos Oliveira

Wéi d’Police weider matdeelt, goufen dräi Persoune verwonnt. Eng dovunner huet mussen aus dem Auto geschnidde ginn. Wéi uerg déi Persoun blesséiert war, konnt op Nofro hin nach net definitiv matgedeelt ginn.

Deen Accident huet natierlech fir gréisser Perturbatiounen am Beruffstrafic gesuergt. Zäitweis waren all d’Spueren op där Plaz blockéiert.

© Domingos Oliveira

D’Pompjeeë vun Esch a Schëffleng waren op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi Ambulanze vun Esch, Suessem-Déifferdeng an aus der Stad.

Ee Blesséierten zu Koplescht

En Dënschdeg de Moie géint 9.15 Auer sinn zu Koplescht en Auto an e Bus net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Koplescht an eng Ambulanz vu Mamer.

Back to Top
CIM LOGO