ALIAAlterslimitt vu "Wuthering Heights" gëtt op 16 Joer gehuewen

Isabelle Gillen
De Film mam Margot Robbie a Jacob Elordi weist eng Libesgeschicht inspiréiert um Buch "Wuthering Heights" vum Emily Brontë aus dem Joer 1847.
© WARNER BROS. - LIE STILL - LUCKY/Collection ChristopheL via AFP

Wéi „Wuthering Heighst“ Ufank Februar an de Lëtzebuerger Kinoen ugelaf ass, war de Film fir d’éischt ab engem Alter vun 12 Joer zougelooss. Elo huet d’ALIA, d’Autorité Luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel, awer decidéiert, de Film op 16 Joer ze reklasséieren.

D’ALIA, déi enk mat de Lëtzebuerger Kinoen zesumme schafft, huet dëst vergaangene Freiden op hiren Online-Plattforme matgedeelt. D’Decisioun, de Film eréischt ab 16 Joer zouzeloossen, wier wéinst “potentiell verstéierenden Zeenen” gefall a soll jonk Visiteure schützen - eng vun den Aufgabe vun der ALIA. Och an eisen Nopeschlänner oder den USA kann een de Film net ënner 16 Joer ze gesinn.

Am Film kritt een eng Unzuel un eroteschen a gewalttätegen Zeene gewisen, déi zum Deel sexuell Praktike wéi S&M a Bondage ouni kritesch Perspektiv op der grousser Leinwand weisen. Zanter dem Release vum Film gouf dësen ëmmer nees vu verschiddene Säiten an aus ënnerschiddleche Grënn kritiséiert. Dorënner fënnt een ëmmer nees d’Argument vun der Iwwersexualiséierung vum literaresche Klassiker.

Back to Top
CIM LOGO