24-Stonne-Course um NürburgringMax Verstappen fiert fir Mercedes

Tom Nols
De véierfache F1-Weltmeeschter erfëllt sech säin Dram vun engem Start bei der faméiser 24-Stonne-Course um Nürburgring. Et wäert net säin eenzegen Asaz si fir Mercedes-Benz.
Mat dësem Auto wäert de Max Verstappen d'Nordschleife an Ugrëff huelen
Mat dësem Auto wäert de Max Verstappen d’Nordschleife an Ugrëff huelen
© Mercedes-Benz AG

D’Mercedes-AMG-Team Verstappen Racing setzt zanter dësem Joer net just an der “GT World Challenge Europe” e Mercedes AMG GT3 an, mee och bei der 24-Stonne-Course um Nürburgring an an ausgewielte Virbereedungscoursen op dee Laangstreckeklassiker. Als Pilote virgesi sinn den Éisträicher Lucas Auer, de Jules Gounon aus Andorra, de Spuenier Daniel Juncadella, an, de véierfache Formel-1-Weltmeeschter Max Verstappen. Dëst huet d’Mark mam Stär an engem offizielle Pressecommuniqué matgedeelt.

Kuckt hei de Video vun der spektakulärer Annonce:

Nodeems den Hollänner d’lescht Joer säin Debut ginn hat op der Nordschleife, start hien 2026 fir déi éischte Kéier an der berüümter 24-Stonne-Course. Als Virbereedung op deen Asaz wäert de Verstappen den 21. Mäerz un der zweeter Course vun der Nürburgring-Langstrecken-Serie NLS (NLS2 genannt) deelhuelen. Dëse Laf war op Demande vum Formel-1-Star sengem Management ëm eng Woch no vir verluecht ginn, fir dass hien tëscht de Grand-Prixen a China an a Japan ka matfueren. Sollten d’Formel-1-Courssen a Bahrain a Saudi-Arabien nach ofgesot ginn, kéint de Verstappen theoretesch souguer nach beim 24h-Qualifiers-Weekend un den Depart goen.

De Max Verstappen beim Optakt vun der Formel-1-Saison an Australien
De Max Verstappen beim Optakt vun der Formel-1-Saison an Australien
© MARCEL VAN DORST / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

An de verschiddenen anere Courssen, déi als Preparatioun op de 24-Stonne-Klassiker gefuer ginn, wäerten zum Deel aner Piloten op deem Auto agesat ginn, well d’Haaptfuerer dee Moment an anere Rennserië wäerten ënnerwee sinn. D’Ekipp Auer-Gounon-Juncadella-Verstappen ass awer fir den Highlight um Nürburgring gesat. De Mercedes AMG GT3, dee vum Team Winward Racing wäert agesat ginn, soll mat der Startnummer 3 an d’Renne goen, mat där de Verstappen dëst Joer och an der Formel 1 untrëtt.

Back to Top
CIM LOGO