
E puer Ween hätte sech do ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Géint 22.30 Auer sinn d’Pompjeeë vu Mamer ausgeréckt, well an der Areler Strooss zu Mamer eng elektresch Këscht gedämpt huet.
Gedämpt hat et kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch och um Kierchbierg. Do hat um Boulevard Konrad Adenauer eng Poubelle gebrannt.
Kuerz viru 5 Auer sinn op der A4 Richtung Lëtzebuerg op der Héicht vum Radar zu Märel 2 Autoen aneneegerannt. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Géint 7.50 Auer sinn tëscht Féiz a Steebrécken och 2 Gefierer net laanschtenee komm. Do mellen d’Rettungsdéngschter 2 Blesséierter a kuerz no 10 Auer sinn an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg nach eemol 2 Autoen an een Accident verwéckelt gewiescht. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.