
An der Nuecht op e Sonndeg war kuerz no 3 Auer e Chauffer zu Diddeleng mat sengem Gefier an aner Autoe gerannt, déi geparkt waren. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.
D’Pompjeeë waren donieft wéinst 2 Bränn am Asaz. E Samschdeg den Owend hat kuerz no 20.30 Auer zu Ierseng een Auto gebrannt. An da gouf et e Sonndeg kuerz no Hallefnuecht e Brand an enger Scheier zu Luerenzweiler. A béide Fäll ass et beim Materialschued bliwwen.