
Hie war an Direktioun Autobunn ënnerwee an hat kuerz hannert der rouder Bréck eng Verkéiersluucht ze pake kritt. Duerno war hie weider gefuer, ouni de Schued bei der Police ze mellen.
An dësem Zesummenhang sicht d’Police den Ament no engem schwaarzen Audi A3 oder S3, deen nom Accident schwéier beschiedegt dierft sinn. D’Police geet ënner anerem dovun aus, dass eng vun de Fënstere futti ass.
Alleguer d’Informatioune si fir d’Stater Police. Dat iwwer d’Telefonsnummer 244 40 1000 oder via Mail.