
Direkt e puer Gefierer waren heira verwéckelt. Wéi de CGDIS mellt, goufen dräi Persoune verwonnt.
Duerch den Accident koum et op där Plaz zu engem gréissere Stau. Pompjeeë vu Koler a Stengefort sinn op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi och d’Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer.
Kuerz virun 10 Auer hat et zu Keel gerabbelt. Dräi Autoe waren hei involvéiert. Eng Persoun gouf verwonnt.