D'Police sicht no ZeienAccident mat Motocyclist tëscht Mäertert a Mompech hat déidlech Suitten

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 12 Auer e Samschdeg de Mëtteg koum et zu engem déidlechen Accident mat engem Motocyclist aus Däitschland um CR141A.

Dat hat den 112 e Samschdeg an hirem Bulletin gemellt. Wéi d’Police e Sonndeg confirméiert, sollt de Motocyclist dësen Accident net iwwerliewen.

En 22 Joer jonke Motocyclist aus Paderborn war géint 12.10 Auer aus Mompech a Richtung Mäertert ënnerwee an huet an enger Rietskéier aus nach net gekläerte Grënn d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer. Hien ass mat senger Maschinn gefall a krut d’Leitplanken ze paken.

Den Noutdokter huet no Reanimatiounsversich just nach den Doud vum jonke Mann konnte feststellen.

De Parquet huet eng Autopsie ordonéiert, de Moto gouf deemno séchergestallt. Och de Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz, woufir d’Streck och huet misse temporär komplett fir den Trafic gespaart ginn.

Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Gréiwemaacher-Mäertert, d’Ambulanz Iechternach, de Samu souwéi de Rettungshelikopter.

Fir den Accident kënnen opzeklären, sicht d’Police elo no Zeien. Sämtlech Informatioune si fir de Kommissariat Museldall +352 244701000 oder per Email Police.MUSELDALL@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO