TraficAccident tëscht 3 Gefierer op der Streck Waarken - Bierden

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Moie koum et tëscht Waarken a Bierden zu engem Accident, wouran 3 Gefierer verwéckelt waren. 1 Spuer huet musse fir den Trafic gespaart ginn.
Accident tëscht Waarken a Bierden
Géint 7 Auer sinn hei 3 Gefierer anenee geknuppt

Wéi de CGDIS schreift, gouf 1 Persoun verwonnt.

Am Asaz waren d’Pompjeeën Nordstad an Angelduerf.

Kuerz viru 6 Auer ass zu Lëntgen an der Rue Principale en Auto an e Potto gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Pompjeeë vu Lëntgen waren op der Plaz.

Kuerz no 10 Auer gouf et dann eng Kollisioun tëscht 2 Autoen zu Réiden an der Rue de la Piscine. Grad ewéi bei den aneren Accidenter gouf et hei och 1 Blesséierten, ëm deen d’Pompjeeë vu Réiden sech gekëmmert hunn.

Back to Top
CIM LOGO