CGDISAccident tëscht 4 Gefierer op der Diddelenger Autobunn

RTL Lëtzebuerg
Géint 16 Auer gouf et eng Kollisioun op der A3 a Richtung Stad. 2 Persoune goufen hei blesséiert.
© RTL Archivbild

Wéinst dem Accident hat et op enger Längt vu ronn 8 Kilometer gestaut.

Weider Accidenter

Um Dënschdeg

Géint 6.45 Auer war et nach eng Kollisioun tëscht 2 Autoen um RN07 tëscht dem Rouscht a Colmer-Bierg. Hei gouf et 2 Blesséierter.

Zu Izeg an der Rue de Contern krute sech kuerz virun 11 Auer 2 Autoen ze paken. De Bilan ass 1 Blesséierten.

2 Persoune goufe bei engem Accident zu Diddeleng an der Route de Luxembourg verwonnt. Och hei sinn 2 Gefierer net laanschtenee komm.

En Dënschdeg am Nomëtte koum et um CR122 tëscht Roudemer an Ouljen zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Eng Persoun gouf blesséiert. Et koum zu Materialschued, an och e Bam gouf beschiedegt.

Um Méindeg

Wéi de CGDIS mellt, koum et e Méindeg den Owend zu e puer klengen Tëschefäll. Een Accident gouf et en Dënschdeg de Moien.

Kuerz no 18 Auer hat et zu Hollerech an der Rue de l'Abattoir gebrannt. Kengem ass eppes geschitt. D'Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper hunn d'Feier geläscht.

E Feier gouf et och zu Betten op der Mess an der Rue du Château. Do hat et an enger Hal gebrannt. Hei waren d'Pompjeeë vun Dippech an Déifferdeng am Asaz an och hei blouf et beim Materialschued.

Kuerz no 19 Auer hat et an der Stad bei der Place de la Gare gerabbelt. Hei hate sech 2 Autoen ze pake kritt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO