
D'Gefierer hunn d'Spur a Richtung Stad blockéiert, esou datt et op dëser Plaz zu engem Réckstau komm ass, kuerz no 8 Auer war d'Plaz geraumt. Wéi de CGDIS mellt, goufen 2 Persoune blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanze vu Jonglënster an aus der Fiels, grad wéi den Asazzenter vu Jonglënster.
Um Méindeg de Moie géint 9 Auer koum dann och nach d'Nouvelle, dass den CR153 tëscht Méideng an Duelem komplett fir den Trafic gespaart ass, well e Camion do an de Summerwee gerode war an net méi virukoum.

Géint 10.30 Auer gouf et tëscht Lauterbur an Iechternach eng Kollisioun tëscht 2 Autoen. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz an den Asazzenter vun Iechternach waren op der Plaz. Den Accident war géint 12.30 Auer geraumt.