
Aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach krut en Automobilist e Méindeg de Moien op der Iwwerhuelspuer d'Leitplanken ze paken. Duerch de Coup gouf d'Gefier op déi riets Spuer widder d'Leitplanke geschleidert. E Camionschauffer konnt net méi auswäichen an ass mam Auto kollidéiert. Bei der Kollisioun ass den Auto mat engem zweete Camion zesummegestouss. Wéi d'Police matdeelt, wier eng Persoun mat uerge Blessuren an d'Spidol bruecht ginn.
Déi riets Spuer war duerch den Accident blockéiert, wat deementspriechend zu Stau gefouert huet. Bis zu 8 Kilometer Réckstau goufe gemellt.