
Eng Persoun war an hirem Gefier ageklemmt an huet misse vun de Pompjeeën erausgeschnidde ginn. Si gouf beim Accident blesséiert.
D’Streck war fir d’Dauer vun den Opraumaarbechte komplett fir de Verkéier gespaart. Et koum zu Stau a béide Richtungen.
Géint 13.20 Auer ass zu Téiteng an der Langertengaass e Chauffer mat sengem Gefier an eng Mauer geknuppt. Dat well hien e Malaise gemaach hat. Den 41 Joer ale Mann ass nach op der Plaz gestuerwen. Am Asaz waren d’Ambulanz vu Keel, de Samu aus der Stad, d’Pompjeeë vu Keel an de Groupe de support psychologique.
Um CR145 tëscht Fluessweiler a Beyren sinn en Donneschdeg géint 16.30 Auer en Auto an en Trakter net laanschtenee komm. Dräi Persoune goufen dobäi blesséiert, eng dovunner uerg. Si koum mam Rettungshelikopter an d’Spidol. En Automobilist, deen vu Beyren a Richtung Fluessweiler ënnerwee war, ass an enger Kéier op déi aner Spuer geroden an du frontal an de Pneu vun engem Trakter gerannt.
De Samu, zwou Ambulanze vu Mäertert an d’Pompjeeë vu Fluessweiler a Kanech waren am Asaz.
Zu Schëffleng an der Rue de Kayl koum et géint 16.36 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Esch a Schëffleng versuergt.