N12Accident tëscht Groussbus an Hierheck - Streck war e puer Stonne gespaart

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie koum et géint 7.20 Auer op der N12 tëscht Groussbus an der Hierheck zu engem Accident tëscht zwee Gefierer.
© Domingos Oliveira

Wéi de CGDIS schreift, goufen zwou Persoune blesséiert. De Samu, grad ewéi d’Ambulanze vu Réiden an aus der Nordstad goufen op d’Plaz geruff.

Well op der Streck tëscht Groussbus an Eschduerf plazeweis Glatäis war, huet et bis ongeféier 10.15 Auer gedauert, bis se nees op war.

Back to Top
CIM LOGO