CGDISAccident tëscht Habscht a Stengefort - 1 Blesséierten
RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Moie kuerz no 8 Auer ass um CR106 tëscht Habscht a Stengefort en Auto bäigaangen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.
Update: 08.12.2025 15:02
Den Asazzenter vun Habscht, grad wéi d'Ambulanz vu Mamer waren op der Plaz.
Géint 9.30 Auer huet op der A4 bei der Sortie Steebrécken en Auto gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. D'Pompjeeë vu Monnerech an Esch waren am Asaz.