
Kuerz no 13 Auer gouf et eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto zu Gaasperech. Hei gouf et ee Blesséierten.
Géint 15.20 Auer hat et zu Steesel gerabbelt, an der Rue JF Kennedy. Nieft de Steeseler Pompjeeën, der Ambulanz vu Mamer war och de Stater SAMU am Asaz.
Kuerz viru 16 Auer ass en Auto tëscht Gouschteng an Éinen bäigaangen. Och hei gouf et ee Blesséierten.