CGDISAccidenter am Lokalen op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Um Lampertsbierg ass géint 10 op 6 e Samschdeg de Moien e Foussgänger vun engem Auto ugestouss ginn a gouf verwonnt.

Déi genee Ëmstänn sinn net bekannt. Kuerz viru 7 Auer gouf et ee weidere Blesséierten wéi op der Diddelenger Autobunn tëscht Léiweng an dem Betebuerger Kräiz zwee Autoen aneneen gerannt sinn.

An da sinn nach emol zwee Leit an der Nuecht op e Samschdeg géint eng Auer tëscht Alzeng an Haassel verwonnt ginn. Och hei waren zwee Autoen matenee kollidéiert.

D’Police mellt dann nach ee weideren Accident bei Weiler, e Samschdeg de Moie fréi, wou en Auto frontal an e Bam geknuppt ass. De Chauffer hat probéiert fortzelafen well en ze vill gedronk hat mä d’Beamten hunn e kuerz fonnt wéi en am Gruef louch

Am Laf vum Samschdegmoien an Nomëtte gouf et dann nach weider Accidenter uechter d’Land:

Kuerz virun der Mëttesstonn sinn zwee Autoen um CR110 tëschent dem Wandhaff a Käerch net laanschtenee komm, et gouf allerdéngs keng Blesséierter. D’Rettungsekippe vu Stengefort a Käerch waren am Asaz.

D’Réidener an Useldenger CGDIS-Ekippe sinn dann um 14.06 Auer op d’N12 tëschent Rippweiler a Schweebech geruff ginn. Och hei gouf et eng Kollisioun tëschent zwee Autoen, bei där eng Persoun verwonnt gouf.

Back to Top
CIM LOGO