
De leschten Accord war en Avenant zum Accord vun 2016. Mat deem gouf ënnert anerem d’80-, 80-, 90-Reegel, d‘reduzéiert Remuneratioun an den 3 Jore Stage ofgeschaaft. En Contrepartie hat d’CGFP keng Punktwäert-Erhéijung verlaangt. Deen Accord ass Enn 2020 ausgelaf. Wouriwwer den zoustännege Ministère vum Marc Hansen an d’Staatsbeamtegewerkschaften sech eens gi sinn, ass net bekannt.
Virun der Coronakris huet d’CGFP eng Punktwäert-Erhéijung verlaangt. Am September hat de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolf dunn awer hei op RTL deklaréiert, datt d’CGFP a Coronazäite wéilt solidaresch sinn. D’wirtschaftlech a budgetär Indicateure sinn e Mëttwoch awer och erëm méi positiv ewéi am September.
En Donneschdeg um 14 Auer ass eng Pressekonferenz. Moies gëtt nach d’Basis vun der CGFP iwwert den Accord consultéiert.