
Staatsagenten, déi Schichte schaffen, géifen nach ëmmer net esou kompenséiert ginn, wéi u sech schonn 2019 festgehale gi wär. Dofir, dass si Schichte schaffen, sollte si 5 Deeg pro Joer Repos a méi an der Pai kréien. Ma dës Mesurë wieren nach ëmmer net ëmgesat, sou d’ADESP an den OGBL an engem gemeinsame Schreiwes.
D’Associatioun vun de Poliziste mat Secondairesofschloss an den Onofhängege Gewerkschaftsbon fuerderen, dee Volet aus dem allgemenge Gesetzprojet iwwer d’Aarbechtszäiten an der Fonction publique erauszehuelen an déi Mesuren retroaktiv op 2019 gekuckt gëlteg ze maachen.