NationalkongressADR: Eng nei Verfassung, nëmmen duerch e Referendum

RTL Lëtzebuerg
Ënnert deem Motto stoung e Freideg den Owend den Nationalkongress vun der ADR, der Alternativ demokratescher Reformpartei.
ADR-Kongress
Den ADR hat dëser Deeg hire Kongress.

Si geheit de Regierungsparteien an der CSV vir, hiert Walverspriechen ze briechen, well d'Verfassung duerch 4 Revisiounsgesetzer an der Chamber erneiert gëtt. Dat hätt anescht an de Walprogrammer gestanen an et dierft een déi 4 Parteien domadder net duerchkomme loossen.

ADR-Kongress / Reportage Dany Rasqué

Als eenzegen ADR-Deputéierten huet de Fernand Kartheiser geschwat, de Chef vun deene 4 Volleksvertrieder um Krautmaart. A sengen Aen besteet déi gréisste Gefor doranner, datt d'Verfassung politiséiert gëtt. Se wier awer net do, fir Politik ze maachen. Et wier eng juristesch Norm, déi engem Staat iwwer laang Zäit Stabilitéit gëtt, dat géif awer elo geännert. Aus der Verfassung géif e politescht Instrument, mat politeschen Ziler.

"Dat ass eng Vermëschung, déi ganz vill Geforen a sech huet. Dat Wuert vun der Gefor, dat ass wierklech hei net iwwerdriwwen an dat huet eng ganz Rei vu Konsequenzen. Ech fänke mat eppes un, wat verschiddener vun eis intresséiert, well se vläicht Beamte sinn oder eng Kéier Zaldot waren a vereedegt goufen. E Beamte gëtt vereedegt op d'Verfassung. Dat heescht, wann ee vereedegt gëtt an ee seet "je jure d'observer la constitution" oder wat och ëmmer, da muss een dat an Zukunft och mat deene politeschen Ziler maachen, déi an der Verfassung stinn."

Ganz wichteg fir d'ADR och d'Auslännerwalrecht. Mam Artikel 9 bis (2) géif d'Méiglechkeet geschaf, fir datt dat duerch eng Hannerdier kéint agefouert ginn.
 
D'Famill, déi géif kloer geschwächt ginn: "De Staat muss déi natierlech Rechter vun der Famill schützen. Dat verschwënnt. D'Famill gëtt däitlech geschwächt am Text heescht et l'Etat respecte la vie familiale oder esou. Eppes wat vill, vill, vill méi schwaach ass an dobäi kënnt nach l'Etat garantit le droit de toute personne de fonder une famille. Dat heescht, datt all eenzel Persoun e Verfassungsrecht op Kanner kritt."

Fir d'ADR ass déi nei Verfassung elo schonn eng Verfassung vun de verpasste Chancen. Si hätt zum Beispill gären d'Recht op d'Liewen an d'Verfassung ageschriwwen, wéi de Fernand Kartheiser seet.

"Eppes wat jo haut ëmmer manner modern gëtt. D'Leit si jo näischt méi wäert, d'Liewen ass näischt méi wäert, mä mir hätte kënnen en Zeechen an déi aner Richtung setzen."

"Eng nei Verfassung, nëmmen duerch e Referendum" an deem Sënn huet de Kongress unanime eng Resolutioun ugeholl. Dat ass awer eréischt den Ufank vun enger Campagne, annoncéiert de Parteipresident Jean Schoos.

"Am Hierscht wäerte mer viru maachen. Ech verroden Iech elo net alles wat mer vir hunn, e klengen Iwwerraschungseffekt muss do sinn, mä dir kënnt sécher sinn, datt déi nächst 12 Méint, vun der ADR, an deem Kader do ze héieren ass."

Kämpfe wéilt d'Alternativ demokratesch Reformpartei. Wann hien um Futtballterrain géif stoen, seet de Jean Schoos, géif hien dat mat dëse Wierder soen: "Da géif ech soe roude Léif wier Dech!"

Back to Top
CIM LOGO