Et wëll een eng pragmatesch Partei sinn, wou Politik fir de Bierger gemaach gëtt a biergerlech Wäerter vertruede ginn, huet et op der éischter Pressekonferenz vun der neier Partei Fokus geheescht. Deemools, virun 2 Méint, ass et nach kee Parteiprogramm ginn. Esou ee gëtt et och e Mëttwoch nach net. A verschiddenen Aarbechtsgruppen huet ee sech awer schonn op e puer Punkte festgeluecht.
Ënner anerem, wéi ee wëll géint d’Logementskris virgoen. Hei presentéiert Fokus eng ganz nei Iddi. 100.000 Wunnenge solle sou séier wéi méiglech op Basis vun emphyteotesche Kontrakter gebaut ginn. Dofir brauch een eng Surface vun engem Prozent vum Land. “Genau dës ass bannent dem Perimeter verfügbar”, ënnersträicht de Frank Engel. Mee et ass ee sech och bewosst, datt déi net séier bebaut gëtt, woufir muss baussent dem Perimeter Terrain fonnt ginn. Lëtzebuerg wiisst all Joer ëm iwwer 10.000 Leit. Dat ass den Ament och néideg, fir de Wirtschaftswuesstem an domat de soziale Sécherheetssystem um Lafen ze halen.
Weider Fuerderungen am Kontext Wunne sinn d’Grondsteier, genausou wéi d’Amenagementsgesetz ze reforméieren, an den Droit d’enregistrement ofzeschafen. Dës Weidere sollen och d’Spekulanten aus Drëttlänner net méi u Bauland an Immobilien zu Lëtzebuerg kommen.
E sozialen Index ass e weidere Sujet, dee wäert am Parteiprogramm vu Fokus ze fanne sinn. Dat wier eng couragéis Positioun an “et wäert keng aner Partei sech trauen, déi helleg Kou géint de Stréch ze heemelen”, seet de Parteipresident Marc Ruppert. Kleng Salairë solle beim sozialen Index eng Indextranche kréien, déi bei 3 Prozent läit. Netto hätten déi Concernéiert dann eppes iwwer 2,5 Prozent vun der Tranche iwwreg. No uewe géing den Index dann degressiv auslafen.
Ugemierkt gouf vum Parteispriecher och, datt een net méi ka Politik maache wéi fréier. All 2 bis 3 Joer ännert sech d’Welt fundamental an och radikal séier, wéi ee mam Krich an der Ukrain gesäit. Fokus fuerdert en direkte Stopp vun Ueleg- a Gasimporter aus Russland. Wëssend, datt déi Europäesch Unioun 40 Prozent vu sengem Gas aus Russland importéiert a Lëtzebuerg liicht schwätzen hätt. Et misst een awer ophalen, de Krichseffort vu Russland ze finanzéieren an aner Weeër fannen, fir d’Energieversuergung ze sécheren. Aus der Ukrain soll een net nëmme Leit ophuelen, mee och dem Land eng Perspektiv fir de Bäitrëtt an d’Unioun ginn. Dat selwecht gëllt fir de Westbalkan a Moldawien.
De gesellschaftlechen Zesummenhalt soll duerch d’Aféiere vun engem nationale biergerlechen Déngscht verstäerkt ginn. Jonk Leit sollen hei 9 Méint oder 1 Joer zivillen Déngscht leeschten, wou si sech och solle fir hiert Liewen orientéieren a léieren, wat d’Gesellschaft zesummenhält. Dat Ganzt kéint a Modullen organiséiert ginn, wou ee sech kéint fir Sujete wéi Ëmweltschutz, Entwécklung, Soinen oder Benevolat interesséieren. Dësen Déngscht soll och remuneréiert ginn.
Den éischte Parteikongress huet Fokus dann de 14. Mee. D’Partei hätt méi e groussen Zoulaf wéi ee sech ugangs erwaart hat, seet de Marc Ruppert. Et hätt ee wéilten 100 nei Memberen an 100 Deeg rekrutéieren. Schonns a 50 Deeg hätt een 100 nei Membere gehat. Um Dag vun der éischter Pressekonferenz wieren 10.000 Visitten um Internetsite gezielt ginn. D’Majoritéit vun den neie Membere wiere Leit, déi nach keng Politik virdru gemaach hätten an net, wéi dat dacks géing ugeholl ginn, politesch Frustréierter, déi zu Fokus iwwergelaf wieren, sou de Marc Ruppert.