MéischdrefAffär vun Déierequälerei, Parquet freet 6 Méint Prisong, ev. mat Sursis

RTL Lëtzebuerg
6 Méint Prisong, nëmmen eventuell mat Sursis, well den Ugekloten näischt bereie géif, oder Aarbechten am Déngscht vun der Allgemengheet goufe gefrot.

Affär vun Déierequälerei / Reportage Eric Ewald

Dat huet de Vertrieder vum Parquet e Méindeg um Dikrecher Geriicht an enger Affär vun Déierequälerei fir e Mann vu 64 Joer gefrot; dobäi solle 5.000 € Geldstrof an e Verbuet vu 5 Joer kommen, fir Déieren ze halen.

Dem Beschëllegte gouf virgehäit, am September 2017 zu Méischdref den 10 Méint alen Hond vun enger Nopesch mat Rategëft ëmbruecht ze hunn. De Mupp soll ëmmer nees op den Daach vum Mann senger Scheier geklomme sinn an do säi „Geschäft“ gemaach hunn, wat dem Mann net gefall hat.

Woufir dee gemengt hätt, hie misst dem Hond sengem Liewen en Enn setzen, huet de Vertrieder vum Parquet betount. D'Déier wär net direkt gestuerwen, mä hätt e luesen Doud gehat; deem mat Rategëft preparéierte Fleeschköder hätt de Mupp net kënne widderstoen an de Mann sou eng 100%eg Sécherheet gehat. Hien hätt d'Déier mat Absicht doutgemaach, dat am Virfeld ugekënnegt an och gesot, Zitat: "Deen ass gutt freckt!“ Den Ugekloten hätt onmënschlech gehandelt a géif elo op eemol mat enger abstruser Erklärung vu Rate kommen.

Do virdrun hat en Noper zu Protokoll ginn, de Beschëllegten hätt him eng Kéier gesot, dass hien den Hond vergëft hätt an dass deen, wann e futti wär, "gutt freckt" wär. D'Ausso, hien hätt de Mupp vergëft, huet den Ugeklote bestridden, net awer déi, dass d'Déier "gutt freckt" wär. De Mann huet och erkläert, dass jiddereen op sengem Terrain bleiwen a Reegele respektéiere sollt; den Hond hätt näischt bei him ze siche gehat. Op d'Fro hi vum President vum Geriicht, ob hien dee Köder preparéiert hätt, fir den Hond unzezéien, sot de Mann, dass hie sech net belaaschte misst; hie wär awer keen Déierefeind.

Um Ufank vun der Sëtzung hat en Toxikolog aus dem Staatslabo deklaréiert, dass den Hond gelackelt gi wär mat enger Zort Gehacktes, ënnert dat d'Rategëft gemëscht war. Bei enger Autopsie am Dezember 2017 wäre Spuere vu sou Gëft am Blutt vum Hond fonnt ginn; et wär es genuch gewiescht, fir dass en Déier stierft, sou den Expert. D'Ex-Proprietärin vum Hond huet e Méindeg iwwregens nach Schuedenersatz an Héicht vu ronn 900 € gefrot.

D'Uerteel gëtt den 3. Oktober gesprach

Back to Top
CIM LOGO