
Verschidde Froe goufe beäntwert, anerer schénge fir ëmmer onbeäntwert ze bleiwen. E Resumé vun de Prozesser, déi dëst Joer am meeschte mediatiséiert goufen.
Ugaangen ass d’Joer mat Prozesser, déi haut scho bal wéi aus enger anerer Zäit wierken. Am Appellsprozess gouf den Dr. Ochs zu engem Joer Beruffsverbuet verurteelt, well hie géint d’Covid-Restriktiounen an domat géint den Deontologiekodex vun den Doktere verstouss hat.
Net Recht viru Geriicht kruten och de Peter Freitag an de Jean-Marie Jacoby. Si haten d’Rechtméissegkeet vun de Covid-Restriktiounen a Fro gestallt. D’Verfassungsgeriicht hat awer festgehalen, dass d’Covidgesetz konform mat der Verfassung wier.
Bei zwee grousse Prozesser dëst Joer ware Polizisten involvéiert. Am Abrëll 2018 war et um Lausduer zu engem trageschen Accident tëscht zwee Policeween no enger Course-Poursuite komm. E Polizist ass dobäi ëm d’Liewe komm, eng Polizistin gouf schwéier blesséiert. Viru Geriicht stoung de Chauffeur vun engem vun de Policeween. Iwwer 4 Joer nom Accident koum et an dësem Fall zu engem Fräisproch. De Chauffeur, dee sech der Policekontroll entzunn hat, an domat d’Course Poursuite ausgeléist hat, gouf zu 18 Méint Fuerverbuet op Sursis verurteelt.
An Appell geet dann d’Affär géint en 27 Joer ale Polizist, deen am Abrëll 2018 am Déngscht en Autoschauffer erschoss huet. Dëse war op hien duergefuer, an hat am leschten Ament den Auto eriwwer gezunn. Noutwier oder net? Doriwwer ware sech d’Defense an de Parquet net eens. De Parquet hat eng Prisongsstrof vun 30 Joer gefuerdert. D’Riichter hunn hei eng Prisongsstrof vu 5 Joer mat 3 dovunner op Sursis festgehalen.
Um Enn vum Joer huet dann nach ee Prozess d’Leit mat ville Froen zréckgelooss. Der Mamm vum vermësste Bianka, dat viru 7 Joer am Alter vu manner wéi engem Mount verschwonnen ass, gëtt Mord an Doudschlag reprochéiert. Dozou seet si awer näischt, well si net op de Prozess komm ass. De Vertrieder vum Parquet war der Meenung, déi ganz Enquête géing keen anere Schluss zouloossen, wéi dass d’Kand haut dout wier. De Procureur fuerdert 15 Joer Prisong. D’Urteel gëtt den 8. Februar gesprach.
An der Affär ëm d’Crèche «Léiwe Léiw» zu Bous stoung d’Directrice viru Geriicht. Si soll d’Kanner an der Crèche mësshandelt hunn, andeems se dës op rabiat Manéier forcéiert huet ze Iessen, an och d’Hygiène soll net ëmmer respektéiert gi sinn. Dacks wier u Wëndele gespuert ginn, sote fréier Mataarbechter aus. Der Ugekloter hier Niess, déi och zäitweis do geschafft huet, sot aus, vun der Ugekloter geschloe ginn ze sinn. De Parquet fuerdert hei eng Prisongsstrof vu 4 Joer. D’Urteel steet och hei nach aus.