
Defense freet weider Fräispréch a kritiséiert Parquet
D’Affekoten hunn d’Schold fir d’Accident beim Sculpteur eleng gesinn. Si hunn deemno den Acquittement vun hire Cliente gefrot. Sou wéi de Substitut vum Parquet dat a sengem Requisitoire d’lescht Woch selwer och gemaach hat. Dofir sinn d’Affekoten an hire jeeweilegen Plädoyeren awer och op de personelle Changement um Niveau vum Parquet agaangen, deen et an dësem Dossier gouf, respektiv, si hu riicht eraus Kritik um Parquet geüübt. Dee Substitut, deen den Dossier hat, ier en an d’Sitzung koum, hätt jidderee belaangt, deen de près ou de loin eppes domat ze di gehat hätt, sou den François Prüm, deem säi Client de Kolleege vum LCTO gewisen hat, a wéi engem Perimeter d’Skulptur kéint opgeriicht ginn. "Mitgegangen, mitgefangen, mitgehangen", esou de François Prüm.
Mee dee Substitut vum Parquet, dee kuerz virum Prozess iwwerholl huet, huet eng aner Approche gewielt a konkret gefrot, wie vun den Ugekloten hätt kënnen en Accident virausgesinn, wiem seng Handlungen en direkte kausalen Zesummenhang domat haten, wéi hien d’lescht Woch ausgefouert hat. Déi ënnerschiddlech Approchen erklären, firwat de Parquet just d’Condamnatioun vu véier vun 10 Ugekloten gefrot huet.
Dat wier awer fir Net-Affekote schwéier ze verstoen, huet de Frank Rollinger bedauert, deem säi Client och am Service EFM vun der Stad schafft. Hie géing hoffen, datt d’Famill vum Emran, dem Bouf, dee gestuerwen ass, dat net nach emol als Verloscht spiert, datt esouguer de Parquet elo déi vill Acquittementer gefrot huet, esou den Affekot. Hien huet de viregte Substitut e "Platzhirsch" genannt.
Säi Successeur op dem Dossier huet no der Defense nach emol d’Wuert ergraff. Ma en huet och e Meter an de Grapp geholl, fir ze weisen, wéi héich 2,5 Meter tatsächlech wieren. An ass an d’Huppe gaange fir ze demonstréieren, wéi kleng am Verglach dozou d’Kanner waren, déi fräi ronderëm zirkuléiere konnten. Dat well en iwwerzeegt bleift, datt den deemolege Mataarbechter vum LCTO, deen d’Skulptur bestallt hat a wosst, wéi héich se sollt ginn, déi Informatioun hätt missen un d’Gemengebeamte viruginn.
De Prozess geet e Méinden nach virun, well d’Affekotin vun de Parties civiles, déi iwwert déi lescht Deeg vill Kritik vun der Defense fir hir Schuedensersazfuerderungen krut, nach Piècë wëll verséieren.