Nationale FuttballD'Datumer fir d'Barragematcher sti fest

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet en Dënschdeg an engem Communiqué annoncéiert, wéini d'Barragematcher wäerte gespillt ginn.
Déi lescht Saison war Biissen am Barragematch zu Käerjeng géint Beetebuerg an d'BGL Ligue opgestigen.
Déi lescht Saison war Biissen am Barragematch zu Käerjeng géint Beetebuerg an d'BGL Ligue opgestigen.
© RTL-Archiv

Den Optakt maachen déi zwou Partië vun den Dammen den 21. an 22. Mee ëm 19.30 Auer. De leschte Spilldag vun den Hären-Championnater ass Päischtsamschdeg, also den 23. Mee. Déi zwou Wochen drop si vum 25. Mee bis de 7. Juni d'Coupe-Finallen, d'Barragematcher an d'Lännermatcher vun den Hären an Dammen ugesat.

Ënner anerem ass d'Finall vun der Coupe des Dames Päischtméindeg, den 25. Mee ëm 19.30 Auer. E Freideg, den 29. Mee gëtt am Stade de Luxembourg d'Finall vun der Hären-Coupe gespillt. D'Barragematcher vun der BGL Ligue/Éierepromotioun si fir den 31. Mee an 1. Juni programméiert.

Wou gespillt gëtt, ass nach net bekannt an hänkt och dovun of, wéi eng Ekippen déi jeeweileg Matcher wäerte spillen. D'Auslousung ass den 23. Mee ëm 20:30 Auer um Siège vun der FLF.

Den Iwwerbléck vun de Barragematcher

© FLF

Back to Top
CIM LOGO