
Direkt nodeems d’Sëtzung op der 13. Chambre Criminelle opgemaach gi war, ass eng Fra hannen am Sall opgestanen an huet d’Hand gehuewen. Och si wéilt géint den Ugekloten aussoen. Déi Virsëtzend Riichterin huet si awer drop higewisen, dass dat net an der Prozedur virgesi wier, an dass si misst eng Plainte maachen, wa si eppes wéilt zu Protekoll ginn.
Dono ass d’Sëtzung weidergaangen, mat enger vun de véier Fraen, déi dem ugeklote Gynekolog Vergewaltegung a sexuell Belästegung reprochéieren. Och si huet, wéi schonn eent vun de presuméierten Affer virun hir, vun inappropriéierte Beréierungen am Intimberäich geschwat. Dës hätten ugefaangen, wou si schwanger war. Deen Ament wou si gesinn hätt, dass den Dokter eng Erektioun gehat hätt, hätt si gewosst, dass eppes net géing stëmmen.
Zwou Saachen hunn hei déi virsëtzend Riichterin besonnesch interesséiert. A wéi wäit d’Fra eent vun den aneren Affer géing kennen, a wien hir gehollef hätt, hir Plainte fir de Collège médical ze verfaassen. Eent vun den aneren Affer wier eng Bekannten, mat där si sech awer och schonn zesumme mat de Puppelcher getraff hätt, sot si. Béid Fraen hunn, nodeems si net méi beim Ugekloten a Behandlung waren, dann dee selwechte Gynekolog gewielt. Dëse wäert an der Suitte vum Prozess nach eng Roll spillen an als Zeie gehéiert ginn.
Hien an den Ugeklote kenne sech nämlech scho länger, well si fréier Associéeën an engem Cabinet waren. Déi zwee sinn net am Gudden auserneegaangen. D’Affekote vum Ugekloten hunn de Verdacht, dass de fréieren Associé d’Plainte vun der Fra aus dem Senegal, déi selwer net liesen a schreiwe kann, geschriwwen huet. Dëst ënner anerem wéinst de Sazzeechen, déi op spuenesch Originne vum Auteur schléisse géinge loossen. Och op widderhuelt Nofroe vun der virsëtzender Riichterin konnt d’Fra sech net erënneren, wien hir gehollef hätt, d’Plainte ze verfaassen. D’Riichterin huet doropshi betount, dass si hir an dësem Punkt net géing gleewen, a si drun erënnert, dass Prisongsstrofen op faux témoignage géinge stoen. De Bréif wier doriwwer eraus mat medezineschen Terme geschriwwen, déi déi presuméiert Victime net géing benotzen.
D’Affekote vum Gynekolog, d’Lydie Lorang an de Frank Rollinger hunn ugekënnegt, eng Plainte wéinst Falschausso ze deposéieren. Well een de Prozess awer zu dësem Ament nach net wollt ënnerbriechen, gouf decidéiert, nach déi aner Zeien ze héieren. Och fir d’Méiglechkeet z’erhalen, dass d’Fra hir Ausso nach kéint redresséieren. De Parquet huet ugemierkt, dass dëse Punkt näischt mat der Credibilitéit vun de véier Victimmen ze dinn hätt. D’Riichterin war awer der Meenung, de Prozess kéint net op Basis vun enger falscher Zeienausso weidergefouert ginn. Falls eng Plainte deposéiert gëtt, wäert de Prozess ënnerbrach ginn, bis de Reproche vun der Falschausso gekläert ass.
Déi reprochéiert Faite belafe sech op eng Zäit tëscht 2013 an 2018. Och eng Hiewan déi aktuell, an zanter 2021, fir den Dokter schafft gouf gehéiert. Si huet ënnerstrach, ëmmer bei de Consultatioune mat am Raum ze sinn. Och de Congé géing si zäitgläich mam ugeklote Gynekolog huelen.
De Prozess geet e Freiden de Moien an d’nächst Woch weider.