Prozess géint GynekologExpert léisst Zweiwel u Methode vum Dokter opkommen

Diana Hoffmann
Engem Gynekolog gëtt vu véier Frae Vergewaltegung a sexuell Belästegung wärend der Consultatioun reprochéiert. Um 2. Dag hunn en Expert vun der Police an d'Doktere geschwat.

Direkt nodeems d’Sëtzung ugefaangen hat, huet de Parquet den Tribunal doriwwer informéiert, dass sech eng weider Fra bei der Police gemellt hätt. Si hätt an de Medie vun der Affär gelies, an zu Protekoll ginn, 2012/13 och vum Ugeklote wärend Consultatioune sexuell agresséiert ginn ze sinn.

Zweete Prozessdag géint Gynekolog / Reportage Diana Hoffmann

En Dënschdeg hat den Ugeklote jo gesot, näischt gemaach ze hunn, wat iwwer e gynekologesche Gesten erausgeet. Wéie Gest ënner wéi engen Ëmstänn gerechtfäerdegt ass, a wéi ee vu vir eran net, dat sollt wärend der 2. Sëtzung mat Hëllef vun engem Gynekolog gekläert ginn, deen als Zeie geluede war. De Commissaire en Chef vun der Police huet doriwwer eraus de Rapport vun der Enquête presentéiert.

Aus dësem geet ervir, dass déi presuméiert Victimmen dem ugekloten Dokter reprochéieren, si am Intimberäich masséiert ze hunn. Och goung vun engem “Touché vaginal” mat “va et vient” riets. Eng aner Fra hat da bericht, dass de Gynekolog wärend enger Echographie vaginale inappropriéiert mat der Sonde virgaange wier. Doriwwer eraus soll hien enger Fra Sonndes eng Consultatioun mat Schampes proposéiert hunn. Beim Oftaaschte vun der Broscht hunn d’Fraen da bericht, dass de Mann dat vun hanne gemaach hätt a sech dobäi u si erugedréckt hätt. Eng Fra huet bericht, dass hie soll eng Erektioun gehat hunn. D’Frae wieren da bei de Consultatiounen och emol ganz plakeg gewiescht.

De Gynekolog-Expert, dee geluede war, huet betount, dass en “Touché répétitif” am Intimberäich net normal wier an an dësem Cas de figure net medezinesch ze justifiéieren. Och aner Punkten huet hien net als normal Behandlungsmethod consideréiert. Zum Beispill wier et beim Oftaaschte vun de Brëscht net normal, dass den Dokter dat géing vun hanne maachen. Et géing hei eng standardiséiert Method ginn.

Dass Patientinne mat engem Kannerwonsch emol géinge Sonndes an de Cabinet geruff ginn, wier dann awer net onüblech. Et géing nämlech dobäi op e gewëssen Dag kennen ukommen. An och dass Patientinne wärend enger Consultatioun ganz plakeg wieren, wier an der Zäit méi normal gewiescht wéi haut.

Eng vun de presuméierte Victimmen, déi en Dënschdeg schonn ausgesot hat, sot dann, dass si d’Behandlungsmethode vum Ugekloten eréischt richteg a Fro gestallt huet, wou si wéinst enger Feelgebuert am CHL war. D’Reaktioun vun aneren Dokter, wou si den Numm vun hirem Gynekolog gesot huet, hätt hir kloer gemaach, dass eppes net kéint stëmmen. Eng fréier Aarbechtskolleegin vum Ugekloten aus dem CHL huet de Riichter erkläert, dass et ganz staark Rumeuren an der Klinik ginn hätt, dass den Ugeklote géing Patientinne belästegen. D’Riichterin huet doropshin ugemierkt, dass et méiglecherweis géing eng Source ginn, déi Saache géing erzielen, an anerer géingen dat da verbreeden. D’Doktesch huet awer ënnerstrach, dass si nach keng Rumeure vun esou engem Ausmooss héieren hätt.


Aner Artikelen iwwert de Prozess

Back to Top
CIM LOGO