
Hien hätt kee gynekologesche Gest gemaach, deen iwwert eng normal Ënnersichung erausgeet. Dat sot de Gynekolog en Dënschdeg de Moie virun der 13. Chambre Criminelle an der Stad. Him gëtt reprochéiert tëscht 2013 an 2018 a sengem Cabinet véier Frae bei e puer Geleeënheete vergewaltegt a sexuell belästegt ze hunn. Virun de Riichter wéist hien awer all d’Reproche vun sech.
Als éischt Zéien huet e presuméiert Affer ausgesot. D’Fra vun haut 43 Joer war wéinst hirem Kannerwonsch beim ugekloten Dokter a Behandlung. Bei sengen Ënnersichungen hätt hien d’Fra mat Gel am Intimberäich masséiert a gesot, et misst een dacks en Orgasmus hunn, fir Kanner ze kréien. Doriwwer eraus hätt hie sech, fir der Fra hir Brëscht z’ënnersichen, vun hanne widder si gedréckt, wou si ënnen erëm plakeg war. Wéi dacks dëst virkomm ass, konnt d’Fra awer net méi am Detail soen. Eng 16 Consultatiounen hat si beim Dokter.
“Hutt Dir dat ni a Fro gestallt, oder dru geduecht den Dokter ze wiesselen?”, huet déi Virsëtzend Riichterin gefrot. Am Ufank hätt si et net direkt a Fro gestallt, sot Zeien doropshin. Si hätt gemengt, all Dokter hätt eng aner Manéier. Wou d’Riichterin weider gebuert huet, ass d’Fra an Tréinen ausgebrach. Hire Kannerwonsch wier esou staark gewiescht. “Ech hu gemengt, hien ënnersicht mäi Kierper”, esou d’Fra.
Eréischt, wéi si 2018 eng Feelgebuert hat, a mat aneren Dokter a Kontakt koum, wieren hir d’Aen opgaangen. Eréischt dunn hätt si sech gesot, dass et net normal wier, wéi den Dokter si ugepaakt huet. Wärend enger psychologescher Behandlung 2019 ass hir du gerode ginn, eng Plainte ze maachen. Op d’Fro, wisou si net virdrun eng Plainte gemaach hätt, sot si: “Ech hu mer geduecht, hien ass räich a bekannt, hien ass Lëtzebuerger. Ech hu gemengt ech wier eleng an hu mer gesot, et wier da mäi Wuert géint säint.”
An den nächste Sëtzunge wäerten eng 15 Zeie gehéiert ginn. Dorënner presuméiert Affer, Dokteren an Enquêteuren.
Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d’Présomption d’innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.