
D’Affer hat probéiert, fir online Kleeder ze verkafen, wéi si eng falsch Mail vun engem falsche Liwwerdéngscht fir Päck krut. An deem Schreiwes gouf d’Persoun opgefuerdert, fir hir perséinlech Donnéeën an hir Bankverbindung unzeginn.
Nodeem d’Affer dësem Nokomm ass, huet et séier misste feststellen, datt direkt e puer méi héich Zomme Sue vun engem onbekannten Täter vum Compte ofgebucht goufen. Am Ganze koum eng Zomm vun iwwer 57.000 Euro zesummen. Eng Plainte gouf gemaach.
Um Internetsite vun der Police fënnt ee Rotschléi, wéi ee mat esou Arnaque kann ëmgoen oder se erkennen.